Lëscht vun alle Virschléi

Reformprojet vun der LĂ«tzebuerger Verfassung: Iwwerleeunge vum Siggy Koenig a Serge Tonnar

* Eng Chance Eng nei Verfassung ass eng Chance fir sech z'iwwerleeën wat d'Identitéit ausmécht vun deem villsäitege Vollek, dat hei lieft, a mat wéi enge Wäerter et wëllt an Zukunft zesummeliewen. Den neie Virschlag adaptéiert awer just den Text vun 1868 an ass weder mat Léift, nach mat Imaginatioun geschriwwen, iwwert gemeinsam Wäerter geet kaum rieds. * Grand-Duché oder just Luxembourg? Den Text nennt 6 mol deen een a 16 mol deen aneren. Hannert dësem Detail verstoppt sech déi grondleeënd Fro: Wëlle mer e Grand-Duché bleiwen oder net? Komm mir schwätzen driwwer. * Kapitel 1: Awunner Dat 1. Kapitel heescht "De l’Etat, de son territoire et de ses habitants". Mat "les habitants" schéngen awer nëmmen d’Lëtzebuerger gemengt ze sinn an d’Auslänner, déi scho laang e konstitutiven Bestanddeel vun eisem Land sinn, schéngen net fir déi nei Verfassung z'existéieren. * Artikel 3 & 60: Natioun Den Artikel 3 seet: La souveraineté réside dans la Nation dont émanent les pouvoirs de l’Etat. An am Artikel 60 heescht et net méi, dass d’Chamber d’Land representéiert, mee d’Natioun. Mat deem Begrëff si vill Kricher a Misär iwwert d’Leit komm, an d'Auslänner ginn definitiv vum Walrecht ausgeschloss. Firwat kann net vum Vollek rieds sinn, wéi z.B. an der neier Genèver Constitutioun: La souveraineté réside dans le peuple, qui l’exerce directement ou par voie d’élection. Tous les pouvoirs politiques et toutes les fonctions publiques ne sont qu’une délégation de sa suprême autorité. * Artikel 4: Sprooch Hei steet: La langue du Luxembourg est le luxembourgeois. La loi règle l’emploi des langues luxembourgeoise, française et allemande. "La langue du Luxembourg" entsprécht net der Realitéit, héchstens "la langue des Luxembourgeois". D'Lëtzebuergescht däerf net eng Sprooch vun der Exklusioun ginn. An deem Sënn sollte mer festahlen, dass de Staat d’Fleeg an d’Fërderung vun der lëtzebuerger Sprooch garantéiert, an der Suerg vun der Integratioun. D’Regelung vun den anere Sproochen misst dem Gesetz iwwerlooss ginn, et ass net néideg an der Verfassung festzeleeën em wéi eng Sproochen et sech handelt. * Kultur Als klengt Land musse mer spezifesch Mesuren huelen wat d'Entwécklung vun eiser Kultur an Identitéit ugeet. Dat Wuert Kultur kënnt awer iwwerhaapt net vir. Firwat net aus dem pacte culturel zitéieren, deen all d'Parteien an der Chamber ënnerschriwwen hunn: "La culture est un service et un bien public. Les pouvoirs publics sont comptables de sa situation et de son développement.
" * Artikel 114: Reliounen Et heescht de Staat wär ideologesch a reliéis neutral. Wann am Abschnitt duerno steet: "des conventions à approuver par la Chambre des Députés peuvent préciser les relations entre l'Etat et les communautés religieuses reconnues.", ass d'Neutralitéit de Relioune géintiwwer, déi no onbekannte Critèren unerkannt ginn, hifälleg. A kengem anere Beräich steet eppes vu Conventiounen mam Staat, firwat grad hei? Hei ass keng kloer Linn dran. De Staat sollt laizistesch sinn. Et ass schued, dass am Referendum verpasst ginn ass dem Vollek seng Meenung ze froen. Et muss och iwwert eng nei a reliéis neutral Hymne nogeduecht ginn, wou net vun "eis heinidden" an him "do uewe" rieds ass. * Conseil d'Etat Wou de Conseil d’Etat seng Legitimitéit hirhëlt, steet och net an dëser Verafssung,. Dass de Conseil d’Etat keng Emanatioun vum Vollek ass, an d’Memberen net gewielt ginn, ass en Zeeche vu Mësstrauen dem Vollek géintiwwer. * Adoptioun Am Artikel 53 steet: "Seuls les enfants nés d’un mariage ont le droit de succéder". Ass et wéinst der mëttelalterlecher Virstellung vum jus sanguinis dass de Grand-Duc net, wéi all aner Bierger, en adoptéiert Kand därf als Nofolger hunn ? * Politesch Verantwortung D'Politik muss sech méi a méi déifgräifend Gedanken iwwert eis Identitéit, eis Kultur, eist Zesummeliewen an eis Zukunft maachen, soss iwwerléisst se de Monopol vun dësen Diskussiounen populistesche Bewegungen, déi dann ganz séier vill Zoustëmmung f



Annex:


Zréck op d’Lëscht