Lëscht vun alle Virschléi

Abléck an d'Krankengeschicht vun den Elteren (oder der Mamm) wann een adoptéiert as

Ech selwer sin adoptéiert gin a während et mech net stéiert, d'Erzeuger net ze kennen, sou stéiert et mech awer dass ech iwerhaapt keng Kenntnisser hun iwert méiglech héréditaire Erkrankungen oder medizinesch Conditiounen. Sou gin zB banal an awer wichteg Froen wéi "gin et bei Ierch vill Fäll vun Kriibs an der Famill" emmer mat engem "boff!" a mat engem schlechten Gefill beäntwert. Genau esou wi eng schwanger Fra d'Recht huet sech hier Zukunft aanescht ze gestallten andeems sie hiert Kand zur Adoptioun frei gett, genau sou soll daat Kand d'Recht hun iwert eventuell héréditaire Conditiounen informéiert kennen ze gin an esou eventuell préventiv agreifen ze kënnen.




Zréck op d’Lëscht