Lëscht vun alle Virschléi

Auslänner- / Awunnerwahlrecht : Fir den Dialog

Auslänner- / Awunnerwahlrecht : Fir den Dialog Et gouf an de leschte Wochen immens vill iwwert d’Thema Auslänner- / Awunnerwahlrecht  diskutéiert an et gouf vill Versammlunge mat de Bierger. Mä d’Politiker missten och lauschteren a weisen, datt Message vun de Leit bäi hinnen ukomm sinn, an konkret Äntwerten op d’Froe vun de Leit ginn an Engagementer agoen. Schlecht Beispill, net ze imitéieren : de Lëtzebuerger Referendum iwwert d’europäesch Verfassung : Do goufen et virum Referendum vague Aussoen, datt een an Zukunft méi giff mat de Leit iwwert Europa schwätzen. Herno huet kee méi dovu geschwat… Gutt Beispill : de rezente Referendum iwwert d’schottesch Onofhängegkeet : Do hunn déi grouss britesch Parteien (déi fir de Nee waren) op d’Leit gelauschtert, sinn op se duer gaang an hunn Engagementer geholl, fir d’éischt déi eenzel Parteie fir sech, an um Enn hunn d’Presidente vun den 3 wichtegste Parteien zesummen en Text mat Engagementer (a Punkto méi Autonomie) ënnerschriwwen. D’Parteien hu gewisen datt en zu senger Positioun ka stoen ann awer de Leit entgéint komme kann. Momentan gesäit et zu Lëtzebuerg ganz anescht aus. Eenzel Leit wëlle léiwer quasi de Monopol fir d’Demokratie an d’rational Argumenter fir sech beusprochen an deenen aneren irrationnal Ängscht a bornéiert Konzeptiounen reprochéiere wéi wierklech den Dialog sichen. Sou eppes erliichtert Diskussioune wierklech net. Zum Beispill en Thema wat ënnert anerem an den Informatiounsreuniounen opkënnt, ass dat vu méigleche Verännerunge vun de Konditiounen nom Referendum. Dorop ugeschwat probéieren d’Verfechter vum Awunnerwahlrecht heiansdo auszewäichen oder schwätzen iwwert Ängscht. Dobäi ass dat awer eng legitim Fro : Wann een e consultative Referendum mécht a seet et giff een d’Resultat respektéieren, wat heescht dat iwwerhaapt konkret ? Kann een dann d’Konditiounen nom Referendum änneren ? No 2, 5, 10 oder 20 Joer ? Eesäiteg vum Parlament decidéiert oder no engem neie Referendum ? Firwat net ganz einfach mat de Leit zesummen doriwwer diskutéieren, an um Enn (virum Referendum) giffen d’Parteien eng kloer a verständlech Positioun unhuelen. Da giffen d’Leit den Dag vum Referendum wësse wou se dru sinn. Par konter, wann een dat net mécht, da muss een sech net wonnere wann d’Leit deene gleewen, déi kloer Äntwerte ginn a carrément behaapten, d’Parteie giffen nëmmen op e Jo waarden an dann d’Konditioune changéieren. Mä och wann et däitlech Äntwerte ginn, kann een déi net ëmmer ganz eescht huelen. Komesch ass sou zum Beispill dëst hei: An enger Informatiounsversammlung iwwert d’Auslännerwahlrecht, op d'Interventioun vun enger Persoun aus dem Public déi seet, datt d'Auslänner an Zukunft an zwee Länner bäi Nationalwahle wielen däerfen, heescht et, datt dat net geet, mat Verweis op de System den et scho bäi Europawahle gëtt (eng Deklaratioun déi d’Leit ënnerschreiwe musse wou se soen datt se net am anere Land wielen). Kuerz drop seet en Deputéierten op enger Konferenz just de Contraire, datt se an 2 Länner wielen däerfen, well et sech bäi 2 Nationalwahlen am Géigesaz zu den Europawahlen (erëm de Verweis op d’Europawahlen) em 2 verschidde Wahlen handelt. Dat wierkt net ganz serieux, wann et fir sou eng banal Fro, déi sech en plus scho bäi anere Wahle virdru gestallt huet, mol keng Kloerheet gëtt. An et freet en sech, wat een iwwerhaapt nach gleewe kann. Dat Thema wat d’Leit awer ganz vill, wann net am meeschten, beschäftegt ass awer d’sproochlech Situatioun zu Lëtzebuerg, an der Politik mä och am Alldag. Als Reaktioun gëtt da gesot, d’Méisproochegkeet gehéiert zu eiser Identitéit, et giff an der Referendumsfro net ëm Sprooch goen, et gi sou vill Leit déi lëtzebuergesch schwätze wéi nach ni, oder et gëtt eppes iwwert Ängscht geschwat. Un all deenen Aussoen ass eppes woueres drun, mä et sinn net wierklech Äntwerten op d’Froe vun de Leit. Wann et sou eng komplett onbegrënnt Angscht ass, datt franséisch an der Chamber geschwat gëtt, firwat sech net einfac



Annex:


Zréck op d’Lëscht