Lëscht vun alle Virschléi

Referendum vum 07.06.2015

Meng Iddi / Propositioun as eigentlech mei eng Fuerderung: am Sënn vun der Gleichberechtegung a Gleichbehandlung vun all de Bierger déi zu Letzebuerg wunnen / schaffen / liewen an och deene letzebuerger Matbierger dei am Ausland wunnen / schaffen / liewen a sech trotzdem weider fir d'Politik vun hirem Gebuertsland interesseiren a wellen mat wiele goen, fuerderen ech dass d'Wahlrecht, dat fir eis Letzebuerger de facto emmer nach Wahlpflicht as, an een de facto Wahlrecht emgeännert gëtt. Ech war den Donneschdeg Owend am INL an der Stad, wou d'Zeitung Le Jeudi gelueden hat fir ennert anerem och eisen Premier Ministre zum Referendum vum 07.06. ze heiren. Ee Mann aus dem Public huet hien gefrot firwat hien als Letzebuerger misst wiele goen, wou eis auslännesch Matbierger sollen ee Wahlrecht kréien. Wann ech d'Äntwert vun eisem Premier richteg verstanen hun huet hien dem Här gesot dass d'Auslänner, wa se dann d'Wahlrecht kréien och d'Wahlpflicht kréien. Domat sin ech net averstanen an esou steet dat och net an der Fro op déi mir sollen den 07.06. mat Jo oder Nee ofstemmen. Ceci étant dit, well ech net gezwonge sin mech op der Wielerlëscht anzedroen, an de Wahlbüro ze goen a mech mussen ze rechtfertegen wann ech net well oder net ka goen. Ech well d'Fraiheet hun selwer ze entscheeden ob ech mech op d'Wielerlescht androen oder net an ob ech bei Wahlen matmaachen oder net. Als Bierger vun engem Staat an deem senger Verfassung steet dass en de Regime vun enger Democratie parlementaire huet - d'Betounung leit hei um Wuert Democratie - fannen ech as et mei Recht Wahlrecht amplaz vu Wahlpflicht ze fuerderen. Dat schléisst déi Jonk (Letzebuerger) an, deene jo, wann ech d'Froestellung richteg verstanen hun, genau dëst ab engem Alter vu 16 Joer bis zu hirer Majoritéit am Alter vun 18 Joer soll zougestane gin, je nodeem wéi d'Resultat vum Referendum ausfällt a je nodeem ob d'Politik entscheed sech no desem Resultat ze riichten oder net. Dat schléisst awer och eis auslännesch Matbierger an, well, wéi ech duerft feststellen, an do sin ech bestemmt net dat Eenzegt, as d'Formulation vum Saz exakt identesch wéi fir déi Jonk, heescht also "d'Recht ( = de Choix) kréien, sech fakultativ ( am Geigesaz zu obligatoresch) an d'Wielerlëschten anzedroen". Dës Formulatioun heescht fir mech dass all déi Matbierger eppes sollen dierfen respektiv kennen awer net mussen maachen. Sie hätten also gegebenenfalls ee Choix deen ech derzeit net hun, genausouwéineg wéi all déi aner Lëtzebuerger, egal ob se hei liewen oder am Ausland. Domat sin ech net averstanen. Ech fuerderen gleicht Recht - a net eng Pflicht getarnt als ee vermeintlecht Recht - fir eis alleguer an ech hätt och gär dass dat Recht kloer, daitlech an onmissverständlech an eiser Verfassung verankert gett. Gidd eis d'Recht an domat d'Freiheet selwer ze entscheeden ob mir wellen matgestalten un der Zukunft vum Land. Sollt dann emmer nach eng Minoritéit iwert eng Majoritéit décidéiren, dann as dat net méi enger Ongleichbehandlung geschold mee ee Resultat vu Selbstbestemmung vum Bierger. Ech kéint elo och nach den Artikel 50 vun der Verfassung zitéiren, wéi et d'ailleurs och den Här Eugène Berger gemaach huet an domat iwerhapt dee ganzen Referendum a Fro stellen. Mee fir desen Punkt am Detail ze erläuteren hun ech leider net méi genuch Buschtawen zur Verfügung. Ech hoffen dass ech mech kloer a verständlech ausgedréckt hun a si gespaant op den Ausgang vum Referendum vum 07.06. Ech entschellege mech fir mat Secherheet virhanden Rechtschreiwfeeler. Merci fir Är Opmierksamkeet.




Zréck op d’Lëscht