Lëscht vun alle Virschléi

Fir méi eng seriös Integratioun vum Développement durable an vun Rechter fir 'onbeliefte' Natur

Bolivien huet ee Gesetz gemeet, wou der Natur Rechter zougestan gin. Dat ass am Kontext vun westlecher, anthropozentrescher Gesetzgebung eng Art Revolutioun, wëll normalerweis nëmmen Sujet'en kënnen Rechter zougestan kréien. A ville Länner si jo den Déieren och (limitéiert) Rechter zougestan gin, mee d'Natur gët an hiere komplexe Relatiounen nach net wierklech erfaasst an enger moderner Gesetzgebung vum Staat... ausser eeben elo a Bolivien. Mir mussen eis mol d'Fro stellen iwwer wat et heescht sou anthropozentresch ze denken an ze handelen, a wat et global fir Auswierkungen huet op eis Ëmwelt an eis selwer. Ech kinnt mer een ähnlechen Usaz virstellen fir Lëtzebuerg. Dat ass wichteg am Kontext vum aktuellen ökologeschen Foussofdrock vu Lëtzebuerg, an dem Impakt dien de Klimawandel wäert op eis sozial, ökonomesch an ökologesch Systemer wäert hun a schon amgaang ass ze hun. Et ass schwéier am Moment doriwwer eng öffentlech Diskussioun ze féieren, wëll de Problem systemesch nach net genuch erkannt gët, an ët eis jo 'gudd geet'. Et ass awer besuergniserreegend, dass eis Regierung ëmmer nach op unbegrenzte Wuesstum setzt an keng seriö Diskussioun iwwer Zukunftsfähegkeet a mi engem weide Kontext féiert. Op globalem Niveau gin et och Usätz fir Ecocide als Crime unzeerkennen.




Zréck op d’Lëscht