Lëscht vun alle Virschléi

Denkmalschutz

Meng Propositioun ass et, de Schutz vun der Lëtzebuerger Baukultur an och vun der Archeologie an der neier Verfassung ze verankeren. Mir liewe leider nach ëmmer an engem Land, an dem vill wichteg Elementer vun eisem gebauten oder archeologesche Patrimoine Dag fir Dag zerstéiert ginn, an domat net just fir eis, mä och fir all déi Generatiounen, déi no eis kommen, verluer ginn. Wa Lëtzebuerg seng Identitéit stäerken an erhale wëll, ass den an der Verfassung integréierte Schutz vu gebautem an archeologesche Patrimoine onëmgänglech. Merci!




Zréck op d’Lëscht