Lëscht vun alle Virschléi

Trennung vu Kierch a Staat respektiv Zivilgesellschaft

Misst een net en Artikel an d'Verfassung setzen, deemno all kierchlech Akten, wéi Daaf, Kommioun, Firmung a kierchlech Trauung, keng "valeur juridique" hunn ? Dëst géif ménger Meenung no eng kloer Trennlinn zéien tëschent dem Staat an der Zivilgesellschaft engersäits, an de Culten anersäits. Wa mer wëssen dass d'Culten zum Deel hir eege Spillregelen hunn an de Leit eppes anescht priedege wéi dat wat an der Zivilgesellschaft Gesetz a Konsensus ass, wier dëst a méngen Aen eng wichteg Kloerstellung.




Zréck op d’Lëscht