Lëscht vun alle Virschléi

zousätzlech Froen erwënscht

Am léifste géif ech mam Referendum nach ee Joer waarden zu Gonschte vun engem bessere Referendum mat de momentanen, awer virun allem och mat zousätzleche Froen wéi z.B. - d'Ofschafe vun de véier Wahlbezierker (Ech am Süde muss och eng gëeegent Persoun vun der Musel oder aus dem Norde wiele kënnen!), - d' Ofschafe vun der Wahlflicht (oder op d'mannst eng effektiv finanziell Bestrofung - an der Héicht vun engem Falschparke-Protokoll - fir all onentschëllegt Ewechbleiwen praktizéieren), an däers nach... Gutt wier och e Referendum nëmmen iwwer Bréif an esou guer iwwert Internet maachen ze kënnen!




Zréck op d’Lëscht