Lëscht vun alle Virschléi

Referendum

● Aktiivt fakultatiivt Wahlrecht fir Jonker vu 16 Joer un – halen ech prinzipiell fir ee Partei Politesche Witz, well an dem Alter interesséiert sech Jugend fir alles, mee net fir Politik. An deem Sënn wier et a mengen Aen villeg méi Sënnvoll ee Schoulfach anzeféieren, wou Schoulkanner léieren aus wat Politik besteet, respektiv, wéi Demokratie am Sënn vum Wuert ze verstoen ass. ● Aktiivt Wahlrecht fir auslännesch Matbierger ënner bestëmmten Konditiounen – stellt u sech de Combel vun der demokratescher Demokratie, Made in Luxembourg, duer. Vu que, datt Majoritéit vun der Bevëlkerung zou Lëtzebuerg aus Auslänner besteet, féiert dat onweigerlech dozou, datt Fin de Compte de Lëtzebuerg am eegene Land als Auslänner zielt, a praktesch näischt méi ze soen huet. ● Limitatioun vum Mandat vun der Regierungsmemberen op 10 Joer ouni Ënnerbriechung – ass Rad vun der Zäit Geschicht nei erfannen. An aner Wieder: Ier een sech als eenegermoossen serieux Regierung de Kapp doriwwer zerbrécht aus Waasser Wäin ze hierzestellen, wier et a mengen Aen villeg méi wichteg, emol dofir ze suergen, datt déi Leit déi fir ee Posten an der Regierung kandidéieren fir alleréischt dat néidegt Wëssen & Kënne virweise kënnen. Well domatter entfält automatesch eng Mandat Begrenzung op 10 Joer!




Zréck op d’Lëscht