DĂ©i nei Verfassung

Firwat gëtt d‘Verfassung vu Grond op iwwerschafft ?

D’Fro no enger Refonte vun der Verfassung gouf schonn oft opgeworf an hat esouguer d’Regierung, déi aus de Landeswahle vun 1984 ervirgoung, derzou beweegt, eng grouss national Debatt iwwert den Intérêt an den Ëmfang vun esou enger Refonte ze lancéieren, un där sämtlech Force-vivë vun der Natioun bedeelegt waren, d.h. déi op nationalem Plang representatiivste professionell, politesch, gewerkschaftlech a reliéis Organisatiounen, déi juristesch oder wëssenschaftlech Milieuen, verschidde konsultativ Organer souwéi Associatiounen, déi sech mat eisem mënschlechen Ëmfeld a mat der Liewensqualitéit befaassen. Dës Debatt hat trotzdeem net zu enger Gesamtreform vun der Verfassung gefouert.

Och déi nei Regierung, déi sech no de Legislativwahle vum 13. Juni 1999 gebilt hat, huet dëse Wëllen, fir d’Verfassung vu Grond op ze iwwerschaffen, gedeelt. De Koalitiounsaccord, deen der Deklaratioun vum Statsminister virun der Chamber vum 12. August 1999 bäigesat war, schwätzt sech fir d’Verfaasse vun enger neier Konstitutioun aus: „Och wann déi geännert Verfassung vum 17. Oktober 1868 sech bewährt huet, ass d’Regierung der Meenung, datt et ubruecht ass, um Ufank vun dësem neie Jordausend en neit Grondgesetz opzesetzen, dat deenen neie verfassungsrechtlechen a politesche Realitéite vum Land Rechnung dréit. D’Weiderentwécklung vum internationalen an europäesche Recht, de Fonctionnement vun de Staatlechen Institutiounen an déi rezent Kreatioun vun engem Verfassungsgeriicht fuerderen, dass d’Fundament, dat d’Verfassung dem Stat gëtt, konsolidéiert a preziséiert gëtt.“

A sengem Avis vum 9. Dezember 2008 iwwert de Revisiounsprojet vum Artikel 34 vun der Verfassung (Document parlementaire Nr. 59672) huet de Statsrot sech besuergt gewisen iwwert déi ëmmer méi kuerz Ofstänn tëschent de Verfassungsrevisiounen an ënnerstrach, datt „et onweigerlech zu enger Banaliséierung vun de Verfassungsrevisioune kënnt. Dës Tendenz huet en negativen Afloss op d’Stabilitéit vun der Verfassung, déi ze liichtfankeg de vergänglechen a kuerzfristege Besoine vun der Politik nogëtt. Op Dauer ass dës Entwécklung eng Gefor fir d’Rigiditéit, déi awer eng eminent wichteg Garantie fir d’Superioritéit vun der Verfassung par rapport zu de gewéinleche Gesetzer ass. Der Opfaassung vum Statsrot no ass et wichteg, dësen Aspekt bei enger zukünfteger Refonte vun eisem Grondgesetz net aus den Aen ze verléieren.“

Dës Approche vum Statsrot, fir sech fir eng Refonte vun der Verfassung anzesetzen, gouf och vun der Kommissioun vun den Institutiounen a vun der Verfassungsrevisioun gedeelt, soudatt d’Revisiounspropositioun 6030 iwwert d’Ännerung an d’Neiuerdnung vun der Verfassung[1] den 21. Abrëll 2009 déposéiert an den 28. Abrëll 2009 fir recevabel erkläert ginn ass.

 

Wat sinn d’Grënn fir déi aktuell Verfassungsrevisioun ?

Den Auteure vun der Revisiounspropositioun 6030 no gouf et dräi Haaptgrënn, déi fir eng Revisioun vun der Verfassung geschwat hunn: 1. d’Moderniséierung vun der Terminologie, déi plazeweis vereelzt ass, 2. d’Noutwendegkeet, d’Texter un déi tatsächlech Ausübung vun de Pouvoiren unzepassen, an 3. d’Verankerung an der Verfassung vun den Dispositiounen aus der Pratique coutumière, déi an aneren Texter, op déi de Legislateur keen Afloss huet, ze fanne sinn.

 

Wéi eng Haaptännerunge si geplangt ?

Zënter der uerdentlecher Sëtzungsperiod 2012-2013 huet d‘Kommissioun vun den Institutiounen a vun der Verfassungsrevisioun sech an hire Reuniounen haaptsächlech mat der Revisiounspropositioun 6030 befaasst. Wat déi Punkten ubelaangt, déi zu laangwieregen Diskussioune gefouert hunn, do kann een ënner anerem d’Statssymboler nennen, haaptsächlech de Sproocheregime, eng Rei vun Artikelen aus dem Kapitel iwwert de Groussherzog an d’Artikelen iwwert d’Glawensgemeinschaften, dëst nom Rapport iwwert d’Relatiounen tëschent dem Stat an de reliéisen oder philosophesche Communautéiten zu Lëtzebuerg, dee vun engem Grupp Experten ausgeschafft an am Oktober 2012 verëffentlecht gouf, an dem Accord, deen am Januar 2015 tëschent dem Lëtzebuerger Stat an deenen zu Lëtzebuerg etabléierte reliéise Communautéiten ofgeschloss gouf.

Ënnert den Ännerungen, déi d’Kommissioun vun den Institutiounen a vun der Verfassungsrevisioun (am Folgenden d’„Kommissioun“ genannt)[2] virgeschloen huet, sinn déi heite besonnesch ervirzehiewen:

  • D’Kapitel 1. - De Stat, säin Territoire a seng Awunner regruppéiert d’Elementer, déi de Lëtzebuerger Stat charakteriséieren, nämlech seng politesch Form, d’Souveränitéit, de Statschef, den Territoire an d’Dispositiounen iwwert d’Nationalitéit.

Dësen Text innovéiert op zwee Punkten: engersäits gëtt d’Monarchie ausdrécklech an d’Verfassung opgeholl, fir de Lieser vun Ufank un iwwert de politesche Regime zu Lëtzebuerg ze informéieren, an anerersäits ginn, nom Modell vun aneren europäesche Konstitutiounen, d’Statssymboler an der Verfassung ernimmt. Et handelt sech dobäi ëm de Sproocheregime, den nationalen Emblème, dat heescht den dräifaarwege rout-wäiss-bloe Fändel, d’Wopen an d’Nationalhymn.

  • D’Kapitel 2. - D‘Rechter an d‘Fräiheeten befaasst sech mat de Grondfräiheeten an de Grondrechter vun de Bierger.

Et gëtt proposéiert, hei explizit ënner anerem folgend Elementer opzezielen: d’Onantastbarkeet vun der mënschlecher Würd, d’Verbuet vun der Folter an aneren onmënschlechen an entwürdegende Strofen oder Traitementer an d’Obligation de moyens vum Stat, derfir ze suergen, datt all Persoun mënschewierdeg liewe kann an iwwert e gëeegente Logement verfüügt.

Déi nei Verfassung enthält eng „transversal Klausel“, déi virschreift, datt all Aschränkung, duerch subaltern Rechtsquellen, vun der Ausübung vun de Grondrechter, de Grondfräiheeten an de Rechter vum Justiciable, déi d’Verfassung virgesäit, de wesentlechen Inhalt vun dëse Rechter a Fräiheete respektéiere muss.

  • D’Kapitel 3. - De Grand-Duc regruppéiert ënnert enger éischter Sektioun d’Dispositiounen, déi sech mam Statschef befaassen, an an enger zweeter Sektioun déijéineg iwwert d’konstitutionell Monarchie, d.h.: d’Trounfolleg, d’Régence an d’Lieutenance.

Festzehalen ass, datt dee vereelzte Begrëff vun den „Prérogativen“ vum Grand-Duc fale gelooss gëtt, fir ze ënnersträichen, datt de Statschef am Kader vun de Kompetenzen, déi hien zougesprach kritt, net iwwert e Pouvoir discrétionnaire fir ze handelen oder net ze handele verfüügt. Bei sengen Attributiounen handelt et sech effektiv ëm Chargen, déi aus senger Funktioun ervirginn. Seng institutionell Roll ass duerch d’Verfassung definéiert a limitéiert, an deemno handelt et sech ëm d’Ausübe vun enger Kompetenz, déi domat verbonnen ass („Compétence liée“).

Wat d’Theorie vun de Compétence-liéeën ubelaangt, do ass d’Kommissioun der Opfaassung, datt an der neier Verfassung, d’selwecht wéi an der schwedescher an an der hollännescher Konstitutioun, en Artikel agefouert gi muss, dee sech mat de Mesurë befaasst, déi ze treffe sinn, wann e Statschef seng konstitutionell Attributiounen net erfëllt.

  • D’Kapitel 4. - D’Chambre des Députés gesäit nieft e puer klengen Adaptatioune verschidde méi wichteg Ännerunge vir:

- wat d’Inkompatibilitéiten ubelaangt, do ass d’Kommissioun der Meenung, datt et besser ass, op eng generell Formulatioun zréckzegräifen, amplaz dës Inkompatibilitéiten eenzel opzezielen, dëst fir de Risiko vun der Onvollstännegkeet ze ëmgoen. Aus Grënn vun der Rechtssécherheet schléit d’Kommissioun awer vir, d’Inkompatibilitéit vum Mandat vun engem Europadeputéierte mam Mandat vun engem nationale Parlamentarier an déi nei Verfassung opzehuelen;

- an den Ae vun der Kommissioun mécht d’Organisatioun vun der Chamber op der Basis vu Sessioune kee Sënn méi. Der neier Konzeptioun no funktionéiert d’Legislatur de manière continue a gëtt deemno net méi duerch Sessiounen ënnerbrach, soudatt souwuel d’Verfassung wéi och d’Reglement vun der Chamber dorop verzichte sollen, vun enger Ënnerdeelung vun der Legislaturperiod a Sessiounen ze schwätzen;

- d’Notioun vun „Opléisung“ vun der Chamber gëtt gestrach an duerch déi vun „virgezunne Wahlen“ ersat. Et ass virgesinn, datt de Statschef, ënnert gewësse Konditiounen, virgezunne Wahle fixéiere kann. Dobäi ze bemierken ass, datt am Joer no de Wahle keng virgezunne Wahle stattfanne kënnen;

- wat d’Pouvoire vun der aler Chamber tëschent dem Dag vun de Wahlen an der Assermentatioun vun deenen nei gewielten Députéierten ubelaangt, gëtt preziséiert, datt aus Grënn vun der Rechtssécherheet déi al Chamber voll a Funktioun bleift an all hir Rechter behält bis zum Dag, wou déi nei gewielten Députéiert vereedegt ginn;

- d’legislativ Initiativ vum Bierger gëtt an déi nei Verfassung ageschriwwen: déi Wahlberechtegt kënnen d’Initiativ ergräifen, fir der Chamber eng motivéiert Propositioun fir ze legiféréiere virzeleeën;

- den Droit d’enquête vun der Chambre des Députés gëtt an deem Sënn geännert, datt eng Enquêtëkommissioun agesat muss ginn, wann dat vu mindestens engem Drëttel vun den Députéierte gefuerdert gëtt.

  • D’Kapitel 5. - D’Regierung gëtt vu Grond op geännert. Ervirzehiewen ass, datt déi op Initiativ vun der Chamber gestëmmte Motion de censure formell an der Verfassung verankert gëtt, grad esou wéi d’Méiglechkeet vun der Regierung, hir politesch Responsabilitéit direkt no hirer Entrée en fonction ze engagéieren.
  • D’Kapitel 6. - De Statsrot gëtt ergänzt duerch Dispositiounen iwwert d’legislativ Prozedur.
  • D’Kapitel 7. - D’Justiz gesäit nieft enger Rei vun Textadaptatiounen och nach e puer méi wichteg Ännerunge vir:

- d’Onofhängegkeet vun de Riichter a vum Parquet gëtt an der neier Verfassung kloer duergestallt;

- et ass virgesinn, eng Cour suprême un der Spëtzt vun der Geriichtshierarchie anzeféieren, fir d’Geriichtswiesen ze vereinfachen. Si soll d’Cour supérieure de Justice an d’Cour constitutionnelle ersetzen, déi hirersäits ofgeschaaft ginn;

- d’Kreatioun vun engem Conseil national de Justice, dee komplett onofhängeg vum legislativen an exekutive Pouvoir handele kann, ass virgesinn. Dëse Conseil huet déi duebel Missioun, fir d’Onofhängegkeet vun de Justizbehörden a fir eng gutt Administratioun vun der Justiz ze suergen;

- et gëtt virgeschloen, d’Fro vun de Konsequenze vun engem Arrêt vun der zukünfteger Cour suprême, déi als Verfassungsriichter statuéiert, an der neier Verfassung ze regelen.

  • Beim Kapitel 8. - Verschidden Dispositiounen iwwert d’Statsverwaltung gëtt besonnesch higewisen op d’Erweiderung vun der Interventioun vum Legislateur beim Kaf a Verkaf vu Bien-mobiliere fir de Stat an op déi nei Sektioun 3 iwwert d’Relatiounen tëschent dem Stat an de reliéise Communautéiten, déi d’Grondsätz vun der Trennung, der Neutralitéit an der Impartialitéit vum Stat an déi nei Verfassung aféiert.

Déi nei Verfassung regelt weiderhin d’Relatiounen tëschent dem Stat an de reliéise Communautéiten, mä d’Obligatioun vum Stat, fir d’Paien an d’Pensioune vun de Kultusvertrieder opzekommen, gëtt gestrach.

  • D’Kapitel 9. - D’Etablissement-publicke vum Stat an d‘Beruffsstänn soll sech ënner anerem mat der Fro vum Pouvoir réglementaire vun den Etablissement-publicken an den Organer vun de liberale Beruffer befaassen. Doriwwer eraus gëtt proposéiert, op där Plaz och nach d’Kreatioun vu Beruffskummeren an d’Existenz vu réglementéierte Beruffer unzeschneiden.
  • Beim Kapitel 10. - D’Gemengen ass den Textvirschlag ervirzehiewen, dee fir de Stat d’Obligatioun virgesäit, derfir ze suergen, datt d’territorial Kollektivitéiten iwwert déi adequat Mëttel verfügen, fir hir Missiounen erfëllen ze kënnen.
  • D’Kapitel 11. - D’Revisioun vun der Verfassung enthält d’Dispositiounen iwwert d’Prozedur fir Verfassungsrevisiounen.
  • D’Kapitel 12. - Ofschléissend Dispositiounen regruppéiert d’Iwwergangsdispositiounen, déi fir eng soupel Transitioun vum aktuelle Verfassungsregime op déi nei Konstitutioun geschafe musse ginn, an d’Dispositiounen, no deenen déi aktuell Verfassung ofgeschaaft an d’Akraafttriede vun der neier Konstitutioun festgeluecht gëtt.

An deem vun der Kommissioun proposéierte koordinéierten Text kann een am Detail d’Ännerungsvirschléi fir d’Revisiounspropositioun, déi entweder vum Statsrot a sengem Avis vum 6. Juni 2012 oder vun der genannter parlamentarescher Kommissioun (an deem Fall handelt et sech ëm parlementaresch Amendementer) ënnerbreet gi sinn, verfollegen. Et gëtt drop higewisen, datt dës Amendementer dem Statsrot fir en Avis complémentaire virgeluecht ginn, deen dann nach eng Kéier an der Kommissioun diskutéiert gëtt. Et handelt sech deemno op kee Fall ëm en definitiven Text, mä ëm en Text, deen nach geännert ka ginn.

Wann een deen Text duerchliest, stellt ee fest, datt et hei net méi ëm eng Neiuerdnung oder ëm eng global Refonte vun den existenten Dispositioune geet, mä ëm e Projet iwwert d’Verfaasse vun enger neier Konstitutioun. Aus deem Grond huet d’Kommissioun an hirer Sëtzung vum 11. März 2015 décidéiert, den Intitulé vun der Revisiounspropositioun 6030 ze änneren.

 

[1] D’Revisiounspropositioun 6030 iwwert d’Ännerung an d’Neiuerdnung vun der Verfassung, där hiren Intitulé geännert ginn ass an „D’Revisiounspropositioun fir d’Aféierung vun enger neier Verfassung“, grad ewéi déi entspriechend Document-parlementairen a Protokoller vun de Reunioune vun der Kommissioun, kënnen um Internetsite vun der Chamber consultéiert an erofgeluede ginn.

[2] Ervirzehiewen ass, datt d’Kommissioun vun den Institutiounen a vun der Verfassungsrevisioun d’Propositioune vum Statsrot fir d’Ëmstrukturatioun vun de Kapitelen an de Sektioune befollegt huet, soudatt d’Struktur an d’Numerotatioun vun den Artikele geännert hunn am Verglach mat der Revisiounspropositioun.

Download :

Proposition nouvelle Constitution
5967-2.pdf