D'Verfassung

Wat ass d’Roll vun der Verfassung a wou ass hir Plaz an der interner Rechtsuerdnung?

D’Verfassung ass en Ensembel vu juristesche Regelen, déi d’Grondrechter an d’Fräiheete vun de Statsbierger garantéieren an d’Organisatioun vun de Pouvoir-publicke souwéi d’Relatiounen tëschent hinne regelen. D’Grondrechter a -fräiheete sollen de Bierger net nëmmen a senge Relatioune mat deenen anere Bierger, mä och viru Willkür vun der Statsgewalt schützen. D’Akte vun deenen duerch d’Verfassung agesate Pouvoiren - de legislative Pouvoir, den exekutive Pouvoir an de Pouvoir judiciaire sinn op dräi verschidden Organer opgedeelt - kënne weder d’Applikatioun vun der Verfassung suspendéieren nach vun der Verfassung ofwäichen.

An der Ranguerdnung vun den Norme steet d’Verfassung effektiv iwwert de Gesetzer, mä ënnert dem internationale Recht (z. B. der Konventioun fir de Schutz vun de Mënscherechter an de Grondfräiheeten) an och ënnert dem Recht vun der Europäescher Unioun, dat Virrang virum nationale Recht huet.

De Grondsaz vun der Supérioritéit vun der Konstitutioun bedeit, datt d’Gesetzer konform mat der Verfassung musse sinn. Dem Artikel 95ter vun der Verfassung no ass et dem Verfassungsgeriicht seng Aufgab, a posteriori iwwert d’Konformitéit vun de Gesetzer mat der Verfassung ze befannen.

 

Firwat brauche mir eng Verfassung ?

D’Verfassung schéngt dee beschte Garant géint Willkür vum politesche Pouvoir ze sinn, well si all Bierger de Respekt vu senge Grondrechter garantéiert. Ausserdeem definéiert si kloer d’Rapporten tëschent deene verschiddenen Organer, andeems si hinnen d’Méiglechkeet gëtt, sech géigesäiteg ze kontrolléieren.

Wa keng Verfassung existéiert, gëtt sech gewéinlech op d’Coutume bezunn, fir d’Organisatioun vum Stat festzeleeën.

 

Wéi kann d’Verfassung geännert ginn?

D’Verfassung kann nëmmen iwwert de Wee vun enger spezieller Revisiounsprozedur geännert ginn, dëst fir hir eng gewësse Stabilitéit an der Zäit ze garantéieren a si virun ze heefegen an duerch déi jeeweileg Ëmstänn bedéngten Ännerungen ze schützen.

Den Artikel 114 vun der Verfassung regelt d’Prozedur, déi unzewennen ass, a schreift Folgendes vir:

„All Revisioun vun der Verfassung muss mat deemselwechte Wuertlaut vun der Chambre des Députés an zwee sukzessive Votten, déi an engem Intervall vu mindestens dräi Méint stattfannen, adoptéiert ginn.

Fir adoptéiert ze gi muss eng Revisioun op d’mannst zwee Drëttel vun de Stëmme vun de Chambersmembere kréien, woubäi d’Ofstëmme par procuration net erlaabt ass.

Iwwert den Text, deen an éischter Liesung vun der Chambre des Députés adoptéiert gouf, gëtt an engem Referendum ofgestëmmt, deen den zweete Vote vun der Chamber ersetzt, wann dat an deenen éischten zwee Méint no der éischter Ofstëmmung entweder vu méi ewéi engem Véierel vun de Chambersmemberen oder vu fënnefanzwanzegdausend Wahlberechtegten, déi fir d’Legislativwahlen op de Wielerlëschten agedroe sinn, gefuerdert gëtt. D’Revisioun gëtt nëmmen dann adoptéiert, wa si mat der Majoritéit vun de gëltege Stëmmen ugeholl gëtt. D’Modalitéite fir d’Organisatioun vum Referendum ginn duerch d’Gesetz geregelt.“